24.08.2024: Bilan zu den Onwieder vum vergaagene Samschden (2024)

E Samschden ass eis am Laf vum Dag aus Westen eng Kalfront ëmmer méi no komm, iwwerdeems am Virfeld vun dëser héichsummerlech a fiicht Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an eis Géigende geblose gouf. Doduerch huet sech eben eng fiichtwaarm a labil Loftmass erginn, déi d’Entwécklung vun Donnerwieder ënnerstëtzt. Zousätzlech befeiert huet dat Ganzt eng ausgeprägt Wandscherung, also d’Ännerung vu Wandvitesse- a Richtung mat der Héicht. Och den Héichtewand war dës Kéier däitlech méi staark wéi bei vergaangenen Donnerwiederlagen, wat dozou gefouert huet, dass sech d’Zellen immens séier vu Plaz beweegt hunn. Deels war dat mat 50 bis 80 km/h de Fall.

Zwar hu sech am Laf vum Dag, wärend sech d’Kalfront an eis Richtungen duerbeweegt huet, och un der Front selwer Donnerwieder forméiert – d’Haaptgeschéien, wat fir Lëtzebuerg relevant war, huet sech allerdéngs un enger virlafender Donnerwiederfront ofgespillt, déi sech am Beräich vun enger Konvergenzzon forméiert huet. Ënnert enger Konvergenzzon versteet een e Beräich, un dem d’Loftmassen um Buedem aus verschiddene Richtungen openeestréimt – esou ginn d’Loftpaketer gezwongen, sech ze hiewen, wat an enger immens séierer Entwécklung vun Donnerwieder ka resultéieren.

Dës, deels zolidd Donnerwieder, hu sech dunn vum nërdlechen a nordëstleche Frankräich a Richtung Lëtzebuerg beweegt a si virun allem duerch Stuerm, mee awer och Reen opgefall.

Oflaf vun der Wiederlag & Warnmanagement

De Risk vu méiglechen Donnerwieder fir Samschdes hate mir schonn Méindes am Wochenausbléck ganz kuerz ugeschnidden, e méi konkreten Artikel koum dunn en Donneschden. E weideren Update mat der éischter räimlecher Agrenzung vum Geschéien hate mir de Freidemëtten erausginn.

24.08.2024: Bilan zu den Onwieder vum vergaagene Samschden (1)

Am Laf vum Samschdevirmëtte koum eisen Donnerwieder-Outlook, an den déi neist Modellrechnungen agefloss sinn.

Nodeems mir dunn och d’Modellrechnunge vum Samschdemëtten ofgewaart haten, koume mir op d’Konklusioun, dass sech näischt um Risk verännert huet – dohier hu mir um 14:34 Auer mat enger Virwarnung reagéiert. Duerch dës ass et de Lieser méiglech, méi wäit am Viraus schonn e puer Sécherheetsvirkéierungen ze treffen. Eng Virwarnung beschreift ëmmer e Potenzial, mee déi genee räimlech Verdeelung an ob et elo wierklech genee Lëtzebuerg trëfft, ass an de meeschte Fäll ëmmer nach eng méi wackeleg Fro. E Samschde war dat awer e bëssen anescht, well sech d’Modeller iwwerraschend eens iwwert d’Situatioun waren.

24.08.2024: Bilan zu den Onwieder vum vergaagene Samschden (2)

Wéi virausgesot, war d’Wieder e Samschde laang gutt. D’Temperaturen hunn e Maximum vun tëscht 27 an 32°C erreecht, iwwerdeems et ëmmer méi schmeier gouf. Dat éischt Donnerwieder, wat mir mat eisem SkyWatch-Warnsystem bewarnt haten, huet eist Land um 19:15 Auer erreecht. Betraff war de Raum Esch-Uelzecht. Fir dës Zell hate mir schonn, ier et iwwerhaapt en Donnerwieder war, am SkyWatch e Wiederhiweis definéiert. Se ass mat Staarkreen, stiermesche Wandstéiss a punktuelle Knëppelsteng nach bis an de Raum Eisenborn a Nidderaanwen komm, ier se sech dunn um weidere Wee a Richtung Iechternach staark ofgeschwächt hat. Zäitpunkt: 19:45 Auer.

24.08.2024: Bilan zu den Onwieder vum vergaagene Samschden (3)

Dat éischt warnrelevant Donnerwieder vum Dag | Screenshot: SkyWatch

Dat stäerkst Donnerwieder vum Dag huet d’Grenz um 19:40 Auer erreecht. Schonn iwwer Frankräich huet dëst fir gréissere Schued gesuergt: Zu Courouvre, südlech vu Verdun, gouf en Orkanstouss vun 149 km/h gemooss. Nodeems dëse Wäert op de Kaarten opgedaucht war, hate mir d’Zell nach méi genee am Aen gehalen. Wéi et am Raum Nidderkuer, Péiteng an Déifferdeng ukomm war, hat et sech kuerzzäiteg e bëssen ofgeschwächt, fir sech nëmmen e puer Minutten drop erëm ze verstäerken. De Schwéierpunkt huet sech géint 19:45 a 19:50 iwwer Aubange bis erop op Sterpenich beweegt, um 19:55 war de Raum Biekerech, Useldeng a Simmer betraff. De Radardonnéeë no koum et hei net nëmmen zu markantem Staarkreen a Knëppelsteng tëscht 2 an deels 4 cm, mee och zu schwéiere Stuermstéiss vun ëm 105, fläit och 110 km/h. Och déi Géigenden, déi ëstlech vun der Zell louchen, wéi beispillsweis Schouweiler, Mamer a Schëndels krute Staarkreen a Stuermstéiss of.

24.08.2024: Bilan zu den Onwieder vum vergaagene Samschden (4)

D’Warnungen vum stäerksten Donnerwieder vum Dag | Screenshot: SkyWatch

Déi tatsächlech Miessunge vu Wiederstatiounen haten och schwéier Stuermstéiss erginn. D’Statioun aus dem Meteosol-Netzwierk vu Kachelmannwetter zu Käerjeng/Kënzeg huet e Maximum vun 91 km/h gemooss, d’Kachelmann-Statioun vu Stengefort 98 km/h an d’ASTA-Statioun vun Useldeng 93 km/h. Zumools am Summer ass dat, doduerch dass d’Beem nach hir Blieder hunn, méi wéi genuch, fir dass et zu markantem Vegetatiounsschued ka kommen. An der genannter Sträif bis an de Raum Biekerech erop louchen déck Beem an Äscht an de Stroossen, deels waren dës zäitweis net méi passéierbar. Aner Statioune mat Stuermstéiss waren d’ASTA-Statioun Waldbëlleg mat 85,2 km/h an d’Statioun Stad-Pescatore mat 75,9 km/h, wat jo net wäit ewech vun der Schueberfouer ass.

Géint 20:00 Auer louch d’Donnerwieder iwwert dem Raum Béiwen un der Attert an hat sech e puer Minutten drop tëscht Buerschent an Ettelbréck kuerzzäiteg verstäerkt. De Radar-Estimatioune no sollen op d’mannst punktuell Knëppelsteng vun 2 oder 3 cm am Duerchmiesser gefall sinn. Géint 20:20 huet dëst Donnerwieder, wat dat stäerkst vum Dag war, eist Land iwwer Stolzebuerg a Richtung Däitschland verlooss.

Um 20:10 Auer ass eng weider Well u Schaueren an Donnerwieder an d’Land eragezu komm, ugaangen ass et erëm am Südwesten. Um Wee a Richtung Oste vum Land hate sech dës awer weider ofgeschwächt. Eng weider Linn hat eis géint 20:50 Auer erreecht, déi besonnesch iwwert der nërdlechster Spëtzt nach eng Kéier méi kräfteg gewiescht ass, zumools duerch de Reen. No engem leschte Sträifschoss am Südoste vum Land géint 22:05 hat sech d’Donnerwiederaktivitéit lues awer sécher geluecht.

Gréisser Reequantitéiten, Brand duerch Blëtzer & Doudesaffer am Grenzgebitt

De Fokus louch zwar haaptsächlech um Wand, mee och de Reen huet plazeweis erëm fir temporär Iwwerschwemmungen oder Waasser an de Kellere gesuergt. Vu Nidderkuer bis op Sterpenich si Radardonnéeë no tëscht 15 an 30 l/m² a kuerzer Zäit gefall. Méi war et awer op enger Sträif vun Ettelbréck bis op Bivels, tëscht 35 an deels 40 l/m² sinn erofkomm.

24.08.2024: Bilan zu den Onwieder vum vergaagene Samschden (5)

Déi grob opgeléist Kaart mat de Reequantitéite laut Radardonnéeën vum DWD

Medial present war dann och nach en Haus, wat zu Helsem bei Walfer a Brand gerode war. Grond dofir war een vun am ganze 9 Blëtzer, déi an Zäit vun e puer Sekonne bis Minutten an der Rue Jean Mercatoris ageschloe waren.

Zu Aumetz a Frankräich ass eng 17 Joer jonk Fra ëmt Liewe komm. Si hat probéiert, engem Bam auszeweechen, deen duerch d’Donnerwieder an d’Strooss gefall ass. Dobäi krut si e Camion ze paken.

Verifizéierung vum Donnerwieder-Outlook

Fir ofzeschléisse bleift dann och nach d’Verifizéierung vun eisem Donnerwieder-Outlook-Produit. Op dësen zwou Kaarte gesitt Dir den Outlook (also d’Prognos): Hannerluecht ass eng Kéier d’Kaart mat den tatsächleche Blëtzentluedungen an drënner d’Kaart mat den tatsächleche Phänomeener, déi an déi europäesch Datebank fir Onwieder (European Severe Weather Database/ESWD) agedroe goufen.

24.08.2024: Bilan zu den Onwieder vum vergaagene Samschden (6)

Outlook + tatsächlech Blëtzer vu blitzortung.org
24.08.2024: Bilan zu den Onwieder vum vergaagene Samschden (7)

Outlook + d’Meldungen an der ESWD-Datebank
24.08.2024: Bilan zu den Onwieder vum vergaagene Samschden (2024)

References

Top Articles
Tommy Hilfiger Babydollshirt BRODERIE ANGLAISE FRILL TOP snel online gekocht | OTTO
Benefits | PwC Deutschland
LOST JEEPS • View forum
Barbara Roufs Measurements
Black Adam Showtimes Near Maya Cinemas Delano
Scammer phone number lookup. How to check if a phone number is a scam
Best Zyn Flavors Ranked
Shining Time Station (television series)
Adopted. Abused. Abandoned. How a Michigan boy's parents left him in Jamaica
Zenuwbeknelling in de voorvoet (Mortons neuroom)
The Front Porch Self Service
Champion Enchant Skyblock
Uscis Fort Myers 3850 Colonial Blvd
Poochies Liquor Store
The biggest intelligence leaks in US history
Barefoot Rentals Key Largo
Walmart Tire Service Hours
Stitch And Tie Promo Code Reddit
Lowes Maytag Pet Pro Commercial Actress
Grand Rapids Herald-Review Obituaries
Great Clips Coupons → 20% Off | Sep 2024
Keci News
Offsale Roblox Items are Going Limited… What’s Next? | Rolimon's
Warren P. on SoundBetter
O'reilly's In Mathis Texas
Pole Barns 101: Everything You Need to Know - Big Buildings Direct
Oxycontin Plush Real
Mychart University Of Iowa Hospital
Peoplesoft Oracle Americold Login
Lonesome Valley Barber
Toonily.cim
Virtualrewardcenter.com/Activate
2014 Chevy Malibu Belt Diagram
Log in or sign up to view
Tqha Yearling Sale 2023 Results
How to Start a Travel Agency: Steps and Tips | myPOS
Wo liegt Sendenhorst? Lageplan und Karte
Banette Gen 3 Learnset
Official Klj
Boostmaster Lin Yupoo
80s Z Cavaricci Pants
Gun Mayhem Watchdocumentaries
Jessica Oldwyn Carroll Update
Every Act That's Auditioned for AGT Season 18 So Far
The Menu Showtimes Near Regal Edwards Ontario Mountain Village
The Safe Keeper Henderson
How Do I Change My Usaa Pin
Mcoc Black Panther
8 Internet Celebrities who fell prey to Leaked Video Scandals
Lucio Volleyball Code
Basketball Defense: 1-3-1 half court trap
Yolo Massage Clinic Kirkland Reviews
Latest Posts
Article information

Author: Trent Wehner

Last Updated:

Views: 5817

Rating: 4.6 / 5 (56 voted)

Reviews: 87% of readers found this page helpful

Author information

Name: Trent Wehner

Birthday: 1993-03-14

Address: 872 Kevin Squares, New Codyville, AK 01785-0416

Phone: +18698800304764

Job: Senior Farming Developer

Hobby: Paintball, Calligraphy, Hunting, Flying disc, Lapidary, Rafting, Inline skating

Introduction: My name is Trent Wehner, I am a talented, brainy, zealous, light, funny, gleaming, attractive person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.